Eng tickend Zäitbomb?

D’ganz Welt kuckt gespaant op Griicheland, insbesonnesch d’Europäesch Unioun waart gespaant op positiv Resultater vu Griicheland, vergebens. Et ass zënterhier kee Geheimnis méi, datt Griicheland eng Kris huet, déi iwwerall Kreeser mat sech gezunn huet. Ob elo an den EU-Gremien oder awer beim IWF, Griicheland ass net méi fortzedenken, wann ee Finanzproblemer a Wirtschaftskrise schwätzt. Den Ament sollt Griicheland puer Milliarden Euro zeréckbezuelen an déi lénk Regierung a vu SYRIZIA zéckt och net mat der Austeritéitspolitik vun de Virgängerregierungen virunzefueren. Sozialprotester sinn do Alldag, Bommendroungen, Mord a Gewalt hunn iwwerproportional zougeholl an deene leschten Joeren. An dat alles ‘just’ wéinst  der Wirtschafts- a Finanzpolitik. D’Scholden déi Griicheland zeréckbezuele muss, leie bäi bal 200% vum PIB an do läit de Problem. D.h. am Kloertext, Griicheland misst 2 Joer laang konstant schaffen a kee Su ausginn, fir déi ganz Scholden ze bezuelen. A vu datt et net méiglech, probéieren d’Politiker d’Steieren ze erhéichen an déi sozial Errongenschaften mat Féiss ze trëppelen. Praktesch kee Staat op der Welt bréngt et fäerdeg een équilibréierte Budget virzestellen, respektiv keng Scholden ze hunn. Dobäi sollten d’Länner aus aller Welt sech dofir asetzen, datt déi nächst Generatioun, fräi vu jidder Schold ass.

An de nächsten Zeilen wëlle mir eis awer net mat Griicheland befaassen, mä mat Lëtzebuerg.
Dat wat a Griicheland haut Alldag ass, kéint och eng Kéier an anere Länner Alldag ginn, wann d’Politiker sou weiderfuere, wéi bis elo. Wa sech hannert Ausriede verstoppt gëtt wéi z.B.: ‘Lëtzebuerg ass mat 20% Scholden vum PIB ee Musterschüler’, da kann dat an e puer Joer och sou heeschen ‘Lëtzebuerg ass mat 80% Scholden vum PIB ee Musterschüler’. Falls bis dohinner näischt geschéie sollt, dann ass sou zimlech all Versuch vu rationale Léisunge, praktesch onméiglech. D‘Realitéit gëtt sech schéi gemoolt an d‘lëtzebuergesch Regierungen hunn et zënterhier ëmmer fäerdeg bruecht d’Scholden schéinzeschwätzen.

 

Wa mir eis awer dann folgend Grafik ukucke, stelle mir fest datt bei engem kontinuéierlechen Zäitraum d’Scholden vum Land vu praktesch 0% op 20% ropgeklomm sinn. Déi 20% sinn méi oder manner zolidd bliwwen an et stellt ee net wierklech fest, datt sech do eppes no ënne bewegt. Dat ass ee Problem, dee net nëmmen Konsequenze fir eis huet, mä awer och Konsequenzen fir déi nokommende Generatiounen; Persounen déi net fir dee Schlamassel verantwortlech sinn. Wat wëll eis Politik da maachen wa mir eis rëm an enger Finanzkris befannen? Rëm Sue léine goen an d’Zënse bezuelen, d’Kapital awer komplett ignoréieren? Bis ab deen Zäitpunkt wou suguer d’Zënsen héich genuch sinn, fir datt d’Regierung just een Deel vun den Zënse bezilt. Bei engem klénge Land wéi Lëtzebuerg ka sou ee Szenario séier geschitt sinn, duerch eis Aarmut un Ressourcen wäert et natierlech och vill méi schwéier sinn fir aus sou enger Kris erauszekommen. Wann eis Politiker dann op Steiererhéichunge setzen wäerten fir dee Problem lass ze ginn, da wäerte si sech an enger Däiwelsspiral verfänken. Lëtzebuerg sollt also dee Problem sou séier wéi méiglech an de Grëff kréien. D’Redaktioun vun RT Lëtzebuerg versteet och, datt sou eng Mesure onpopulär géif sinn, well déi herrschend Parteien keng Wahlgeschenker méi maache kéinte. Schlussendlech geet et awer em d’Nohaltegkeet an suguer em d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, Et feelt virun allem u Wäitsiicht an awer och un Iddien déi ee Bestand vun 20, 30 Joer sollten hunn. Vill Politiker interesséiere sech no de Wahle net dofir wat an 20 oder 30 Joer duerno geschéie kéint.

 

 

Wäerten awer eis Politiker de Mut hunn fir dee Problem komplett ze besäitegen oder awer gëtt alles sou laang no hanne verluecht, bis datt Letzebuerg och griichesch Verhältnisser kritt a wou all eis sozial Errongenschafte Stéck fir Stéck ofgeschafft ginn?

 

René Wagner