D'Gemengewahlen sti virun der Dir

Geschwënn ass et rëm sou wäit, d'Leit gi rëm wielen. Nee et ass kee Referendum an et sinn och keng Chamberswahlen, d'Ried ass vun de Gemengewahlen. Nach ass net vill ze spieren vum Wahlkampf, ma et mierkt een datt d'Parteie sech iwwerall an allen Ecker vum Land mobiliséieren. Dobäi kënnt nach hinzou datt och e puer nei Parteien um Start sinn, eng dovunner ass 'déi Konservativ', déi vum Joe Thein viru méi engem Mount gegrënnt ginn ass. Bei dëser Geleeënheet hu mir een Interview mam Joe Thein gemaach fir ze kucken wéi hien déi ganz Saach do gesäit.


Gudde Mëtteg Här Thein, mir freeën eis Äerch hai begréissen ze dierfen.


Schéine gudde Mëtteg.

 

Komme mir mol direkt zu enger banaler Fro. Vill Leit an zumols Jonker, wäerte sech d'Fro stellen wat den Ennerscheed teschend de Gemengewahlen an de Chamberswahlen ass, kënnt Dir dat a puer Sätz beäntwerten?

 

Fir déi Konservativ besteet d’Erausfuerderung an d’Aufgab doran, sech aktiv fir déi konservativ Philosophie z’engagéieren, an hir politesch Iddien dem Land bekannt ze maachen. Esou gëtt laangfristeg fir d’Zilsetung geschafft, d’politesch Alternativ ze sinn. An dësem Verständnes wëll d’Partei d’éischt de Fokus op d’Gemengewahlen zu Péiteng leeën, do wou d’Partei net just hire Siège huet, mä och duerch dat laangjäreg gemengepolitescht Engagement vu mir als hirem haitege Nationalpresident a Gemengeconseilljee, déi beschte Chance huet. Ob mat guddem oder schlechtem Resultat, ob mat oder ouni Erëmwiel an de Gemengerot, sou ass fir déi Konservativ all eenzel Stëmm an all Resultat, e parteipolitesche Gewënn, wann ee weess, datt een als nei, awer lieweg Partei, an d’Parteielandschaft trëtt. D’Partei wäert hiert Bescht maachen fir e gutt Resultat zu Péiteng, fir no dëser dach kuerzer Zäit déi hir bis d’Gemengewahle bleift, laangfristeg op d’Chamber- an d’Europawahlen, hin ze schaffen. Fir eis ass kloer, datt d’Gemengewahlen als éischt Wahl déi virun der Dier steet, natierlech direkt eng grouss Erausfuerderung ass. Ma mir si mat vill Loscht a vill Courage dobäi, fir datt zu Lëtzebuerg nees konservativ Politik gemaach gëtt.

 

Wat sinn typesch Themen bei de Gemengewahlen?

 

Typesch Theme fir d‘Gemengewahlen si fir déi Konservativ eng heemechtsverbonne Politik, déi d‘Liewensqualitéit, de Charme an d’lokalpolitesch Liewensgrondlag an d’Aa faasst, wou virun allem eng gesond Haushaltspolitik herrscht, eng gesond Entwécklung mat Begrenzung vum extreme Populatiounswuesstem an dem Entgéintwierke vum anarcheschem Verkéierwiese stattfënnt, wou logescherweis och d’Verbauung vun all Stéck Natur gestoppt gëtt, wou d‘Integratioun vun auslännesche Communautéiten an d’Fërderung vum Lëtzebuerger Nationalcharakter eng gemengepolitesch Prioritéit ass, wou d’Ausbeutung vun eise Bierger mëttels Taxe gebremst gëtt, wou d’Gemeng duerch d’Belieweung vu klenge Lokalcommercen an d’Ënnerstëtzung fir eist Veräinswiesen attraktiv bleift, wou d‘Sécherheet an de Respekt virun de Gemengegesetzer gewort gëtt, a wou net zulescht och all klengen Alldagsproblem wéi d’futtis Strooss, oder d’Zigarettestëmp an der Landschaft als Uleies Äert Gehéier an eist Engagement fannen.

 

Ginn et dann awer typesch Problemer déi nemmen an Äerer Gemeng (Péiteng) virkommen?

 

Problemer, och hausgemaachter Natur, huet d’Gemeng Péiteng ganz sécher, Mir wäerten d’Gemeng Péiteng, ma och all aner Gemengen an deene mir eis engagéieren, ënnert d’Lupp huelen, an zesumme mat eise Memberen, Iddien a Programmer ausschaffen, déi eisem Engagement wierdeg sinn a fir ee bessert Gemengeliewe suergen.

 

Woufir hudd dir Äerch an der leschter Legislaturperiod stark agesaat?

 

Déi Konservativ goufen den 21. Mäerz 2017 gegrënnt, entspriechend, war fir d‘Partei leider nach kee Réckbléck op eng Mandatsperiod méiglech – ma mir hoffen datt d’Matsproocherecht vun eiser Partei zur Beliewung vum politesche Liewe verleet oder eis d’Chance gëtt, selwer eng aktiv Roll ze spillen. Ma selwer hunn ech d’éier op eng lafend, néng-järeg Mandatsperiod zeréck ze kucken, wou ech mech getrei mengem Wahlverspriechen, aktiv fir d’Gemeng an hir Bierger agesat hunn. Ech sinn houfreg op dëse positive Feedback deen d’Péitenger Leit mir mat op dësem, eisem Wee ginn hunn, an ech soen all menge Wieler a Sympathisanten een häerzleche Merci, fir déi omnipräsent Ënnerstëtzung bei mengem politeschem Engagement, an déi mir bei de leschte Gemengerotswahlen uvertraute Missioun. Et ass mat groussem Houfert, aus vollstem Häerz, rengster Fräiwëllegkeet, a mat där beschter Kraaft, woufir ech mech als Gemengepolitiker an den Déngscht vun Iech, menge Frënn a Wieler, stellen.

 

Wéi eng Erfahrungen hudd Dir als Gemengeconseiller gemaach?

 

Als Gemengeconseilljee hunn ech eng ganz villsäiteg Erfahrung gemaach, déi ech net mësse wéilt. Ass ee bis an d’Schlappe vun der Gemengepolitik gewuess, léiert een d’politescht Geschäft net just parteiintern, mä och op engem professionelle Niveau kennen. Nieft engem chargéierte Liewensprogramm, ass et awer besonnesch d’Verantwortung déi een als gewielte Mandatär dréit, well déi eege Stëmm vu politescher Valeur ass an am Entscheedungsprozess matspillt. Als politeschen an demokratesche Mënsch als deen ech mech verstinn, war et mir ëmmer immens wichteg, mech aktiv un eiser Demokratie ze bedeelegen, et war der Nout geschëlt, ma der Demokratie wëllens, fir den eege Numm an den Déngscht vun enger Partei ze stellen fir Parole z’ergräifen an Exempel ze statuéieren. D‘Politik muss ee selwer liewen, wann een d’Politik besser maache wëll.

 

Wat wellen déi Konservativ bei de nächste Gemengewahlen ereechen?

 

Bei de nächste Gemengerotswahlen ass et d’Zil vun de Konservativen, lo mol d’éischt, mat dobäi ze sinn a mat ze féiweren, am gudde Wëssen, datt sech do zu Péiteng, eng nei basisdemokratesch Partei entwéckelt a sech eng nei politesch Chance opdeet. Ma selbstverständlech ass et och Zil vun de Konservativen, e gutt Resultat ze maachen. Alles an allem, ass et als wichteg Muttprouf vun eiser Partei ze verstoen, andeems een d’éischt weist, datt hei Politiker de Mutt hunn, sech dem Establishment entgéint ze stellen an den Aalparteiesystem Fro ze stellen.

 

Wéi géif Dir Äer Partei situéieren?

 

D’Partei definéiert sech getrei hire Statuten, als Partei op politescher Grondlag vum Konservatismus a Patriotismus, als honnertprozenteg demokratesch an am Verständnes vun de Léieren, vum Staatsphilosoph a Politiker Edmund Burke. D’Partei steet fir de positive Mënsch am Mëttelpunkt vum politeschem Wierken. Bei all eise politeschen a philosopheschen Iwwerleeungen wëlle mir d’Partei vum klassesche Konservatismus sinn, wou Wäerter, Ethik a Moral essentiell sinn, a wou eis Parteiphilosophie gläichzäiteg Parteiprogramm ass.

 

Wat ennerscheed Äerch vun den anere Parteien?

 

D’Partei ënnerscheet sech, geméiss hirem politesche Verständnes a Grondsazprogramm, eleng doduerch, datt si de Courage huet, fir e kloert Profil ze stoen an domat d’Lobby ass fir eng Politik, wou keng aner Partei zu Lëtzebuerg vertrëtt. Fir Déijineg, déi d’Partei net just vu baussen, mä och vu banne kenneléiere wëllen, leeën ech eise Grondsazprogramm, eis Pressematdeelungen, eis Statements, souwéi eisen demokratesche Stammdësch un d’Häerz, déi d’Partei weisen, wéi se ass: alternativ an eenzegaarteg.

 

Wat wier dann Äert Dramresultat?

 

D’Partei huet keen Draamresultat virun Aen, well eleng all neie Progrès, all neie Member,  an all Stëmm fir déi Konservativ schonns e gléckleche Gewënn fir d’Partei sinn. Eng Partei déi bei null ufänkt, kann nëmme gewannen. A wa mir de Réckbléck op déi éischt Méint zanter der Parteigrënnung maachen, da kann ee soen, datt d’Partei um beschte Wee ass! D’Partei huet sech an hirem interne Fonctionnement, an hirer Struktur, an hirem Opbau, gutt a séier entwéckelt, an all Dag ass e neien Dag fir d’Partei, e weidere Fortschrëtt ze maachen. Selbstverständlech ass e gutt Wahlresultat oder d’Ëremwiel an de Gemengerot e politescht Zil, ma trotzdem eng Niewesächlechkeet, well d’Partei net d’éischt Karriär gesäit, ma léiwer, fir eng kloer Linn am politesche Liewe steet.

 

Wéi soll Äer politesch Zukunft ausgesinn?


A menger politesch Karriär, déi sech bis dato op néng Joer skizzéiert kucken ech ob vill intressant Momenter, op vill léierräich Erfahrungen, op vill mouvementéiert Ereegnisser, op vill positiv Diskussiounen an op vill léif Connaissancen. Ech war vum 14. Juli 2008 bis de 9. Mäerz 2017 d’éischt a menger Expartei engagéiert, hunn d’Poste vum Jugendnationalpresident, vum Vizepresident vum Südbezierk an der Sektioun Péiteng, vum 1. Vizepresident vum Daachverband vun den europäesche jonke Konservativen bekleet, sinn zanter dem 9. Oktober 2011 gewielte Péitenger Gemengeconseilljee, gouf als véiert-beschte Kandidat an de Chamberswahlen vum 20. Oktober 2013 fir de Süde gewielt, gouf als Spëtzekandidat fir d’Sektioun gewielt, a sinn haut Grënnungsmember a gewielte Nationalpresident vu menger eegener Partei, déi Konservativ. Wann ee at siechzéng Joer deemools, a sechsanzwanzeg Joer haut, op déi eege politescht Biographie kuckt, dann ass ee freedegem Häerzens datt ee sou jonk de Schrëtt an d’Politik gewot huet, a mat senge Numm fir eng gutt Saach an déi richteg Wäerter steet – nämlech ëmmer als Politiker mat grousser Léift fir säi Land.

 

Här Thein mir soen Äerch villmols Merci fir Äer Zäit a vill Gléck op Äerem politesche Wee.
Merci villmols!


(D'Redaktioun behält sech d'Recht op Änerungen an Ofkierzunge vir)