FÖDP; eng gréng Alternativ?

Mat der FÖDP huet sech viru puer Méint eng Partei gegrënnt déi sech als Alternativ zu deene Grénge gesäit. Puer Memberen si politesch gesi keng onbeschriwwe Blieder a kommen aus allen Ecker. Et sinn Ex-Membere vun der KPL, déi Lénk, asw dobäi. D'Partei selwer wëll sech awer net lénks a riets positionéieren a gesäit sech virun allem an der Mëtt. Dat huet eis de Parteipresident Ronald Mordiconi bestätegt.

 

Ronald Mordiconi huet eis dann och op Ufro bestätegt, datt hien net bei de Gemengewahle matmaache wëll. Et wier nach ze fréi, sou de President. An enger éischter Phas wëll déi nei Partei sech laangfristeg opbauen, fir an Zukunft bei de Nationalwahle matzemaachen. D'FÖDP huet och schonn ee Programm fäerdeggestallt. Do fënnt een dann Theme wéi Aarbecht, Gesellschaft, Sécherheet an et fält awer op datt virun allem Themen, déi mat déi Gréng associéiert ginn, hei besonnesch ervirkommen. Dat wiere 'Bewosst Konsuméieren', 'Gentechnik a Pestiziden', 'Waasserverbrauch a Co2', etc. D'FÖDP huet dann och hier Themen der Ëffentlechkeet méi no bruecht an ass puermol mat Theme wéi Energiepolitik a Nohaltegkeet an der Ëffentlechkeet intervenéiert.

 

Tatsächlech wann een sech de Programm vun der FÖDP ukuckt an och hier Denkustéiss, wéi de Placken an der Foussgängerzon, stellt ee fest datt sinn Themen iwwerhuelen déi soss ëmmer mat deene Gréngen associéiert goufen. Deswéidere wëll d'FÖDP mat Punkte wéi der Innovativitéit op sech opmierksam maachen an huelen domadder der grénger Partei hier Haaptpunkte fort. Et muss een och feststellen datt déi Gréng net vill vu sech erausgaangen.sinn an der Läscht an och just fir den Tram oder fir méi Policekontrolle sinn. Effektiv ass 'Kontroll' ee grousst Stéchwuert bei deene Gréngen (Radar) an et misst een sech d'Fro stellen op déi nei Partei net eng Konsequenz dovunner ass. D'Kléngpartei fält bis elo ni mat Wierder wéi Kontrollen op a kéint de Leit doduercher och méi sympathesch erschéngen. Einfach Léisungsvirschléi wéi déi vum Här Bausch mat méi Kontrollen, schénge bei dëser Partei net am Programm ze stoen. Et stëmmt, verschidde Punkte kéinte méi opgebaut ginn, awer och eng FÖDP huet d'Chance verdéngt sech opzebauen an d'Leit dann z'iwwerzeegen.

 

Déi Gréng Partei hunn hier al Iddien ëmmer méi opginn oder se goufen och vun anere Parteien.iwwerholl (Ëmwelt). Dat massiivt Beiestierwen zum Beispill gouf vun déi Gréng nie richteg thematiséiert, während déi ehemoleg Partei 'd'Vox Populi - d'Fräiheetspartei' et als eng vun hiren Haaptpunkte stoen hat. Am Géigendeel zu der FÖDP Partei mussen déi Gréng Partei sech awer d'Fro stellen op si sech net vu Grond op erneiere sollten, oder awer effektiv ennerginn wei an Däitschland.. Der FÖDP géif dat ze gutt komme well se eben sou Themen uschwätze wëllen déi keen aneren an der Politik fir relevant hält. Och d'Thematik vun der Integratioun an der Sprooch, déi zemools zu Lëtzebuerg quasi verhaasst sinn, gräift dës nei Partei op. Si kéinten an engems sech vun anere Parteien ënnerscheeden oder awer och ehemoleg Theme vun déi Gréng opgräifen. Bleift ofzewaarde wat d'Zukunft der FÖDP sou brénge wäert.


René Wagner