Senn an Zweck vun Attentater: Angscht a Kontroll

 

 Et fellt op dass nëmmen bestëmmt Länner vun Attentater heemgesicht ginn Groussbritannien, Dättschland, Frankräich, firwat wuel?

An Europa sinn dat déi Länner déi am meeschten an Krichgebidder intervenéieren an am meeschten involvéiert sinn an da ganzer "Krichsindustrie". Se liwweren d'Waffen a maachen ee fette Gewënn dommadden.

 

Däitschland zum Beispill huet am Bundestag d'Debatt gestart fir den Rüstungsetat op 2% vum BIP vum Land ze erhéichen. Dat kléngt elo no net vill mä wann een den BIP vun Däitschland kuckt, ass dat an totalen Zuelen eng enorm Erhéichung. Wann deen Etat sollt accordéiert ginn wär Däitschland soumat dat Land an Europa mam gréissten Rüstungsetat, suguer nach virun Russland! An dann gëtt awer gesoot d'Russen wieren eng Bedroung? Wëll Däitschland dann elo eng Bedroung ginn oder firwat ass dat Ganzt dann sou?

Däitschland ass een vun deene gréissten Exporteuren vu Waffen an Rüstungsmaterial(Panzer, Fliger/Jets, Munitioun).

 

Firwat gëtt sou vill Rüstungsmaterial produzéiert? Den éischte Grond wier den enorme Profit deen verschidde Globalisten ergatteren. Den zweete Grond wier datt d'NATO d'Ausgaben erhéiche wëll an d'EU gäeren eng europäesch Arméi grënne wëll. Den drëtten a leschte Grond kann een op all déi etlech Krisen a Krichgebidder zeréckféieren; zënter langem kommen emmer nees nei Konflikter op, oder al Konflikter entflamen erem. D'Rüstungsindustrie an d'Lobby an den USA ass eng vun der gréissten an anflossreichster op der ganzer Welt! Sie hunn de Wahlkampf vum Hillary Clinton/Bush Sen./Bush Jr/ Nixon etc. matfinanzéiert! Lobbyisten spillen eng ganz grouss Roll an der Politik, zumols dëser Deeg an virun allem net méi sou onopfälleg wéi dat fréier de Fall wor.

 

Den ganzen Terror op der Welt mecht de Bierger Angscht an dat kënnen d'Politik an aner Leit(Elite) fir sech ausnotzen.

Duerch den Terror accordéieren d'Bierger dass den Kampf géint den Terror opgeholl gëtt an soumat kënnt d'Rüstungsindustrie nees un d'Laafen an bréngt nees SUEN an d'Kees.

Durch d'Angscht vum Vollek kann d'Politik Gesetzer schafen wou d'Privatsphär vun de Bierger stark angeschränkt kënne ginn mä well de Bierger Angscht huet accordéiert hien dat an dann huet d'Fall zougeschnappt. Politik kann dann all eenzelne Bierger besser kontrolléieren an kréien dodurch wichteg Informatiounen déi se am Endeffekt nees géint den Bierger ansetzen kennen fir deen dann weider ze manipuléieren!

 

Wat kann een dogéint machen? Net alles gleewen wat Politik(er) an Medien engem zielen, selwer verschidden Fakten recherchéieren an dat Allerwichtegst, säi gesonde Menscheverstand benotzen.

 

Silvain Thiel