Profilbiller an Terrorattacken

E Meedchen steet mat zwee Frëndinne virum Spigel. Kosmetikartikelen leie wei Spillsaachen

verstreet. Toilettepabeier gëtt ofgerullt, d’Lëpsen ofgewëscht an en anere Lëppestëft ausprobéiert.

Dat eent zitt seng Apenhoer brong no. Dat anert benotzt e rosa Schwämmchen fir de Pudder

gläichméisseg am Gesiicht ze verdeelen. Et richt no Kokosnoss a Mango. Séisse Parfum deen d

Meedercher hautesdaags gären hunn.

Den Owend geet et op e Concert; Duerno feieren. Virun 6 Auer mueres kommen d’Damme

bestëmmt net heem. De Make-up muss halen.

3 Stonnen drop ginn se zesummen mat 20 anere Mënschen vun enger Explosioun a Stecker

gerappt. De Grond: En islamesche Selbstmordattentäter.

Wat normalerweis an Länner geschitt déi wäit fort sinn an déi e souwéisou nie wäert besichen ass

säit e puer Joer an Europa ukomm. A fir e Kontinent deen op eng joerzéngtelaang Phase vu

Fridden zeréckbléckt hu mer eis séier dru gewinnt.

Iwwerrascht et eis nach wann matten an Europa e Mënsch anerer erschéisst, iwwerrennt oder soss wéi

attackéiert?

Mech net.

Soubal mer vum neiste Bluttbad héieren ännere mer eist Profilbild op Facebook. Entweder en

aktuelle Sproch oder de Fändel vum Land an deem et des Kéier geschitt ass. Se solle schließlech all

wëssen dass mer et net gudd fannen wann op engem Concert Leit erschoss ginn. A fir dass och dee

Läschten et versteet, poste mer nach e puer Fotoe vu Käerzen, gefaaltenen Hänn oder schreiwen

einfach dass mer a Gedanke bei den Affere sinn. Op Twitter een oder deen anere Saz posten

schued och nie.

An elo wou se et all wëssen...zeréck op Netflix

Wei sollen d Europäer soss op esou en Ugrëff wei deen zu Manchaster reagéieren?

Sollen se op d’Stross goen? Sech d’Hand reechen an kämpfen fir den Terror ze stoppen dee vu

Kreaturen begaange gëtt déi ech mëttlerweil net méi als Mënschen bezeechne kann.

Un Hänn géif et net mangelen.

Wat ass mam Feind?

Géint wie sollen se kämpfen?

Sollen se op der Stross Leit zesummeschloen déi kéinte verantwortlech sinn; Déi kéinten eppes

Ähnleches plangen. Sollen se an hier Wunnengen andréngen, hier Kanner erschloen an se aus de

Länner dreiwen?

Sou eppes wënschen ech mer net fir Europa.

Dass d’Europäer op déi divers Attentater mat Botschaften am Internet reagéieren, a wann se nach esou

hallefhäerzeg sinn, weist wat fir e gudd Häerz an hinne schléit.

D’Mënsche sinn an deene Joerdausenden déi hannert eis leien scho wéinst manner ausgetickt an hu

grausam Verbrieche begaangen aus blanner Roserei.

Sou si mer net méi. An ech si stolz drop.

Trotzdem froen ech mech wei et soll weidergoen.

Solle mer drop vertrauen dass déijéineg déi iwwert eiser aller Liewe bestëmmen d’Saach an de

Grëff kréien? Dass se den Terror beenden, déi faul Äer opspieren an erausgeheien? Dass se den

joerhonnerteale, menscheverachtenden Zant, deen Europa sech viru kuerzem selwer gezunn

huet, dorun hënneren erëm an eiser Gesellschaft festzewuessen?

Wann dir dru gleeft ass äert Liewe bestëmmt vill méi entspaant wei mäint; ech gleewen nämlech

net drun.

Wat muss geschéien fir dass Europa, fir dass déi ganz Welt endlech zur Rou kennt?

Doriwwer kéint een endlos diskutéieren. Zwee Saache sti fest:

 

Blannen Haass ass net d’Äntfert. Awer e Profilbild och net.

 

Serge Lauenburg, genannt 'Odysseus'