Katar

Ee vun de Länner vun deem kaum ee wees wou et läit, nach waat et do sou z'iesse gett. Dat kléngt Ländchen ass eng Hallefinsel déi mat hierem südlechen Zipfel u Saudi-Arabien päscht an am Moment dat räichste Land vun der Welt ass; ënnert der Kontroll vun engem Monarch deem säi Numm esou laang ass dass ech en hei net schreiwen, well der e souweisou net liest.

 

Katar ass ständeg an de Medien. D´Fussball-WM 2022 sollt do stattfannen. Iwwert d'Iddi se an engem Land ofzehalen daat vu Menscherechter sou vill hällt wei ech vun engem oppene Broch kann een diskutéieren. Katar ass extrem generéis wann et drem geet islamescht Liewen an Europa ze finanzéieren. Wat fir een Interesse huet daat Land drun hei an Europa eng Moschee no der anerer ze finanzéieren an ze verwalten? Et kann een ee Land friddlech an d'reliéist Mëttelalter stoussen andeem een esou Tricken dréit,

(gesinn an Afghanistan, Iran oder Ägypten; An Europa kënnt nach d'Massenvermehrung an Awanderung vun engem gewësse Menscheschlaach dobäi) oder et mecht een et wei d'Terroristen a léist et an deem Land gutt knuppen. Dat nervt, e puer stierwen an d'Leit fillen sech ëmmer méi onwuel. Méi bréngt dat ganzt Trauerspill net; wann een dovun ofgesäit dass no all Attentat méi vehement versechert gëtt dass den Islam dei friedlechst an gastfreundlechst Relioun vun der Welt ass, an dass den Omar an der Vakanz esou léif gelaacht huet wou en engem den Téi servéiert huet.

Ech waarden nach op den Daag wou verzweifelt Menschen u menger Dier schällen, mat engem Koran an der Hand deen se mer em d'Baaken haen an dobäi mat Tréinen an den Ae jäizen „Den Islam ass friedlech, ganz léif an uerg zaart, versto et dach!“

Katar huet ganz secher seng Hänn bei esou Saachen am Spill. A sécher ass och deen een oder aneren Kehlenschlitzer a Bombenbauer do an an ausgaangen. Mä iwwert dat Mantra „Katar Katar Katar“ verléiert een dacks de Räscht vum Äisbierg aus den Aen.

 

Saudi-Arabien zum Beispill. Méi grouss, awer laang net esou räich. Dat läit villäicht dorunner dass se a Katar hiert Geld net an

kilometerhéich Tierm stiechen dei d'Welt net brauch an an rieseg Inselen a Palmeform. Oder an Kinnegskréinungen déi iwwert 40 Milliarden Euro kaschten. Jo, Saudi Arabien ass méi wéi Luxuspalasten, Ferrarien a Männer mat wäisse Räck. Saudi-Arabien

ass firun allem een Zentrum vum Wahabismus. Waat Wahabismus ass?

 

Wahabismus ass Doudesstrof, Hand ofhacken, verstoppen a verbidden vun allem waat Freed mécht. Kuerz: Dat wat am Koran nu mol dra steet a wat mech als Europäer an Humanist géif an den Selbstmord dreiwen. Do änert alles am Kontext liesen a richteg iwwersetzen näischt drun. An der islamescher Welt ginn et genuch Leit déi de Koran gudd genuch kennen. Werfe mir mol ee Bleck an

dee wonnerscheinen a blühende Fleck vun eisem Planéit. Wann et do iergendwou eng Enklave gett an däer de Koran esou friedlech interpräteiert gett wei et an Däitschland wuel nemmen dei Greng fäerdechbrengen hunn ech nach näischt dovun heieren.

Fest steet dass een an deem Äerddeel net mol muss an IS Gebieter goen fier Famillen ze fannen dei hiere Bouf doudschloen well en homosexuell ass oder d Meedchen well et friemgaang ass.Katar, Katar, Katar. Ech soe: Saudi-Arabien, dei vereenegt arabesch Emirater, Afghanistan, Iran a säit neiem och d'Tierkei. An de ganze Räscht.

 

Katar ass 4 mol sou grouß wei Letzebuerg. Dee Sündenbock ass mer e bessen ze kleng. An eier ech vergiessen. A Katar iessen se ganz gäere Shawarma, eng Art Fleeschspiischen an enger Brouttäsch.

René Wagner