RT Lëtzebuerg

RT Lëtzebuerg ass ee klénge Grupp vu Leit, déi mam Nochrichteformat vun Russia Today sympathiséieren. Mir hunn Enn Abrëll beschloss RT Lëtzebuerg als onofhängege Projet ze lancéieren. Jiddereen, dee gäere wëll ka matmaachen a soll eis uschréiwen. Mir wëllen domadden Leit ereechen déi net mat der Medielandschaft vu Lëtzebuerg zefridde sinn oder einfach Leit déi sech gäeren bei verschidden aner Sourcen informéiere wëllen. Bei RT Lëtzebuerg solle virun allem Artikelen erschéngen, déi sech primär mat Lëtzebuerg beschäftegen oder awer fir Lëtzebuerg relevant sinn. Déi meescht Artikelen wäerten op lëtzebuergesch erschéngen oder awer och an onregelmässegen Ofstänn op Däitsch a Franzéisch. Mir wëlle keen attackéieren a mir bieden déi Leit déi de Format vun RT net gäeren hunn, sech w.e.g. zeréckzehalen a keng Haasskommentarer ze verbreeden. Bedenkt w.e.g, datt mir keng offiziell Säit vun RT sinn a mir verweisen och drop hin datt all Rechter vun Russia Today bei TV Novosti leien.